APEMH

Emplacement actuel : Offres > Consultation de l'offre
[ een Assistant Social ] Offres d'emploi


Postuler


 

Carrièreserfarung :

Mat Erfarung

 

Ausbildung :

Bac+3

 

Führerschäin :

B

 

Kandidatur bis spéitstens den :

29.09.2018

 

De Posten ass disponibel :

Direkt oder no Ofsprooch

een Assistant Social M/W

CDI - 20 Stonnen/Woch

APEMH Hébergement et services / Parentalité


Är Missiounen :

Am Kader vun der Erweiderung vun den Aktivitéiten vum Centre Ressources Parentalité, innovativ Äntwert an der Ënnerstetzung vun Elteren mat enger intellektueller Beanträchtegung, sichen mir een Assistant social fir eis multidisziplinär Equipe ze verstäerken. Är Aufgabeberäicher sinn:

- Elteren mat enger intellektueller Beanträchtegung an deenen ënnerschiddlechen Liewensphasen an hirer Elterenroll z'ënnerstëtzen an d'Entwécklung vun den Kanner ze begleeden

- Opbau vun enger partnerschaftlecher Zesummenaarbecht

- Organisatioun an Animatioun vun de Gespréichsgruppen am Kader vun onsem "ElterenTreff"

- Sensibiliséieren, informéieren, orientéieren a beroden

- Matschaffen un der Konzeptioun an Weiderentwécklung vun adequaten Äntwerten an der Begleedung vun der Zielgrupp

 

Äre Profil :

D’Kandidaten sollen:

● am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom a vun enger “Autorisation d’exercer”  sinn

● iwwert Beruffserfarung am Beräich vun der individueller Begleedung an der  Ënnerstëtzung  vun  Elteren/ Famillen verfügen

● den sozialen Réseau zu Lëtzebuerg gutt kennen

● iwwert redaktionnell an organisatoresch Fäegkeeten verfügen

● gutt nolauschteren kënnen an empathesch sinn

● Situatiounen selbststänneg analyséieren, plangen, ëmsetzen an evaluéieren kennen

● déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen

●  de Führerschäin Klass B hunn

 

De Salaire ass no dem Kollektivvertrag vum Fleege- an Sozialsecteur (SAS) bestëmmt.


Eng éischt Sélektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach

Schéckt, w.e.g, Är Kandidatur mat folgendem Dokumenter : Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Kopie vum néidegen Diplom an senger Unerkennung zu Lëtzebuerg.

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

Bande Bande